Wee war den Hary VII?
Den Hary VII, Grof vu Lëtzebuerg, gëtt ëm 1276 zu Valenciennes gebuer. 1292 bestit hien d’Marguerite vu Brabant († 1311 zu Genua) a gëtt, mat der Ënnerstëtzung vu sengem Brudder Baudouin vun Tréier a vum Péiter vun Uespelt (Äerzbëschoff vu Mainz), 1308 vun de Kurfürsten zum réimeschdäitsche Kinnék gewielt.
1310 reest hee mat senger Famill a mat enger Arméi vun e puer dausend Zaldoten Richtung Italien.
De 6. Januar 1311 krut den Hary VII, zu Milano déi eise Kroun vun de Langobarden opgesat an ass domadder Kinnék vun Italien.
Den 29. Juni 1312 gëtt heen zu Roum zum Keeser vum réimesche Räich gekréint.
De 24. August 1313 stierft den Hary VII zu Buonconvento an der südlecher Toskana un der Malaria a gëtt zwee Joer dropp zu Pisa um Campo Santo begruewen.
De Papp vum Jang de Blannen war den éischte vu véier Keeseren, déi Lëtzebuerg dem Réimesche Räich gestalt huet.
Den Dante Alighieri ernimmt hien a senger Divina Comedia als „Alto Arrigo”: „Vum groussen Hary, deen Italien rëm opriichte kënnt, ier et prett ass”. *
Dëst Joer feiert Italien seng 150 Joer. Et huet also nach e puer Joer gedauert, ir dem Poet säi Wonsch vun engem gëeenten Italien an Erfëllung gaangen ass, awer eis huet Italien scho laang virun senger Eenheet u kulturellem Räichtum onendlech vill geschenkt.
Houfreg, dass och e puer Lëtzebuerger an deem spannenden Prozess matgewierkt hunn, deen dat heidegt Italien begrënnt, wollte mir een nationale Komitee op d’Bee setzen, deen d’Spueren vum lëtzebuerger Keeser an Italien ophëllt an engem méi breede Publikum zu Lëtzebuerg zougänglech mécht.
Eng kulturell Reess
Op de Spuren vum Hary VII an Italien
Eng kleng Auswiel vu Plazen, déi ee kéint an deem Kader besichen:
Genua, wou seng Fra, d’Marguerite de Brabant 1311 gestuerwen ass a vum Giovanni Pisano (Pisa, 1248 ca – Siena, 1315 ca), engem vun de bedeitende Kënschtler aus senger Zäit am Optrag vu sengem Mann een Denkmal erriicht krut.
Monumento sepolcrale di Margherita di Lussemburgo Da Wikipedia, l'enciclopedia libera.
un'opera di Giovanni Pisano, databile al 1313-1314 e inizialmente collocata a Genova. Si trattava della tomba dell'imperatrice moglie di Arrigo VII, morta nel 1311. Oggi l'opera, della quale sono rimaste solo alcuni parti, si trova nel museo di Sant'Agostino a Genova.
Pisa, mat déi wichtegst Alianzstad vum Hary VII, wou heen a groussem Pomp an der Kathedral um Campo Santo begruewe gouf. Den Tino di Camaino (Siena, 1280 ca – Napoli, 1337 ca) een anere wichtege Skulpteur aus där Zäit, huet säi Monument geschaf.
Monte Carlo (LU), no bei Pisa, huet de Keeser zwar ni gesinn, dofir heescht déi befestegt Stiedchen awer no sengem Enkel, dem Karel IV (1313-1378), deem nächste Lëtzebuerger Keeser. Hei een Extrait vun der Homepage vum Duerf: „Et war ëm d’Joer 1331, wéi d’Rocca del Cerruglio an d’international
Geschicht agaangen ass, deen Ament, wou de Kinnek vu Béimen (de Jang de Blannen) a säi Fiss (de künftegen Charel IV, 1346 zum Keeser vum däitsche Räich gekréint) de Lucchesi gehollef hunn d’Florentiner aus Lucca an der Ëmgéigend ze verjoen. Et gouf beschloss, eng nei Uertschaft ze bauen an se gouf zu Éiere vum jonke Prënz, Mons Karoli, ‘dem Carlo säi Bieg’ genannt.”
Suvereto, déi Stiedchen hat 2 Joer laang d’Läich vum Lëtzebuerger opgebaart, bis d’Graf zu Pisa fäerdeg war. All Joer gëtt do anscheinend, ëm de 14 August, ee „Palio dell’Imperatore, con la tradizionale Corsa delle Botti”. zu Éieren vun eisem Keeser organiséiert.
Buonconvento (Si), hei ass den Hary VII de 24. August 1313 op der Réckrees vu Roum un der Malaria gestuerwen. Hei weess all Awunner ween den Hary ass, och wann hee net besonnesch beléift ass, well heen anscheinend wollt d’Festungsmaueren zerstéieren. An der mëttelalterlecher Stiedchen fällt een op Schrack an Tratt op Spueren vum Hary.
Eng Plaz ass no him benannt, al Gedenktafelen fannen sech an der Alstad an eng Rei Seeërcher kurséieren: Wéi de Léichnam sollt am Cortège bis op de Campo Santo zu Pisa bruecht ginn, huet sech direkt de Problem vu senger Konservéierung gestalt. Et ass waarm an der Toskana am August an eng Zäit gouf
geduecht, si hätten den Hari, fir dass hie net soll ze séier verweesen, a Wäin agebeezt. Op Grond vun dëser Seechen, hunn déi geschichtsbewosste Käch vu Buonconvento ee Plat fir hir „Festa della Trebiatura sotto le mura” entworf, ‘l’Arrigo VII’, deen all Joer Enn Juli ënnert fräiem Himmel, no bei der Plaz Arrigo VII di Lussemburgo, un e puer honnert gutt gelaunten Awunner verdeelt gëtt. Wann ee beim Metzler seet, et wéilt een een ‘Arrigo’ kachen, péckt deen engem direkt déi richteg Ingredients’en an. Et gëtt och e Bistro an der Stiedchen, deen „cattivi frati” (béiss Pateren) heescht, well eng Zäit ugeholl ginn ass, den Hari wär vu Patere mat enger Hostie vergëft ginn. D’Informatiounsblad vun der Gemeng heescht, wéi kéint et anescht sinn: „L’Arrigo”. D’lescht Joer gouf suguer eng Operette vum lokalen Theaterclub mam Thema „Arrigo” opgefouert.
Lucemburgo, fir déi Leit, déi staark Nerven an ee gudden Auto hunn. Dat Mini-Diefchen mat 2 Awunner läit hannert Arezzo an den Hiwwelen vum Apenin a gouf vun engem Alliererten vum Hary sou genannt.
Agenda vun Aktivitéiten:
an Italien:
- D’Ubréngen vun enger Plak op der Plaz Arrigo VII vu Buonconvento, vun der lëtzebuerger Ambassade. Entworf vun de Schüler vum LCD.
- Mostra - Le rêve italien de la maison de Luxembourg (Vanda Colling)
- Jummelage mat enger lëtzbuerger Stiedchen. (Esch-Sauer?)
- Vu Buonconvento gesäit een op d’Häng vum Brunello. Et besteet d’Méiglechkeet, zesummen mat de Schüler vum LCD a mat der Wënzerin Anna Lisa Tempestini vu Buonconvento eng Etiquette z’entwerfen. Si ass och bereet, eng Merenda mat eiser Reesgesellschaft z’organiséieren.
Um kulturelle Plang huet d’Géigend vill fir eng Schoulklass ze bidden. Vun etruskeschen, réimeschen a fréi-chrëschtleche Grabungen iwwert modern Landschafts-Konscht. Eng méiglech Iwwernuechtungsplaz fir d’Schüler wär Sant’Anna in Camprena, do wou de Film „English Patient” gedréint gouf.
- Ganz flott wär och, wann ee kéint eng Recherche ënnerstëtzen vu Studenten vun der Uni Lëtzebuerg an Zesummenaarbécht mat der Uni Siena (z.B.) iwwert den Thema vun de Lëtzebuerger Keeseren.
- Mäi perséinleche Wonsch wär eng Konferenz zu Lëtzebuerg
oder nach besser eng Visite-guidée op der Plaz mam Damien Wigny, President vun der lëtzebuerger Philharmonie, Auteur vum beschte Buch iwwert d’Konscht an der südlecher Toskana, reegelméissege Gaascht bei der «Accademia delle Crete Senesi». (Née de l’initiative conjointe de Philippe Herreweghe, chef d’orchestre belge et grand amoureux de l’Italie, d’un groupe de musiciens issus de l’Orchestre des Champs-Elysées et du Collegium Vocale Gent.) «A travers des lieux de rêves comme Castelmuzio, Sant’Anna in Camprena (Pienza) ou Asciano, la région des Crete Senesi se révèle à tous les participants comme l’une des régions les plus belles et les mieux conservées d’Europe. Le niveau exceptionnel des concerts ainsi que la relation entre la splendeur des paysages et la richesse d’une culture remontant jusqu’aux Etrusques, font de ce festival un évènement unique, pour le public italien et international. …» Philippe Herreweghe
Dës Géigend ass vun der Unesco zum Weltkulturiewen erklärt ginn, wéinst senger eenzegaarteger Erhalung vun der Landschaft vun der Renaissance.
zu Lëtzebuerg:
- Konferenzen mat Hëllef vun der Uni Lëtzebuerg an der italienescher Ambassade, dem Kulturministère an den AILen.
- Jummelage
Literatur
Iwwert den Hary: Der Weg zur Kaiserkrone vu Michel Margue, Michel Pauly a Wolfgang Schmid ass déi rezentste Verëffentlechung vum Centre Luxembourgeois de Dokumentation et d’Études Médiévales. Dee ganze Codex Balduini (d’Bande dessinée aus der Zäit) ass komentéiert, mat enger Aféierung iwwert den historeschen Hannergrond vun der Roumreess. Och dat vläicht een interessanten Usatz fir eng méi eng aktuell Bande-Dessinée an enger Konschtklasse vum LCD.
De Schmöker „Le rêve italien de la maison de Luxembourg aux XIVe et XVe siècles”, vun der Imprimerie Saint-Paul ass ee Sammelband vu villen verschiddenen Auteuren, wou ech och eng Rei vu mengen Informatiounen hir hunn.
e beschte Konscht-Guide: Damien Wigny, Sienne et le sud de la Toscane, LE GUIDE, ISBN 2-8046-0209-5
Mäi Lieblingsbuch fir an d’Zäit vum Hary eran ze klammen, och wann et honnertfoffzeg Joer méi spéit geschriwwe gouf: „Commentarii” vum Enea Silvio Piccolomini. D’Mémoirë vun engem Renaissance Popst. An däitscher (leider gekierzter) Iwwersetzung beim Sankt-Ulrich-Verlag (2008) „Ich war Pius II”. Heen huet och a senger Jugend ee Liebesroman, anscheinend en absolute Bestseller, geschriwwen, wou de leschte Lëtzebuerger Keeser, de Sigismund, eng net onwichteg Roll dra spillt: „Euryalus und Lucretia, Storia di due amanti”, am Kader vum Projet „in sito” bestëmmt interessant fir eng Latéinklasse (Am Reclam-Verlag an enger Laténgesch/Daïtsch Versioun ze kréien).